Freedefeierverbuet zu Esch-Uelzecht

Meenung vun de Bierger ass zu dësem Thema gedeelt. En Deel ass dofir an en Deel ass géint Freedefeier dat vun de privat Persoune selwer organiséiert gëtt.


Et muss en op jiddefalls bedenken, dass all déi Rakéiten a Klakierbessen mat Virsiicht ze genéisse sinn. Vill Léit sinn sech net der Gefor déi dovun ausgeet bewosst. E Freedefeier an net professionellen Hänn ass onkontrolléiert. Et hunn schonns an deene lëschte Jore vill Jugendlecher schwéier Verbrennungen bis hin vun Amputatiounen vu Fangere misste mat erliewen, net ze vergiesse Brandgefor un den Immobilien oder den Autoen déi entstoe kann. Vill Léit wëssen och net dass duerch Freedefeier vill Schuedstoffer souwéi eng Mëschung vun diverse Chemikalien an der Loft fräigesat ginn. Natierlech sollt och Natur an Déierewelt berécksiichtegt ginn.


Fräi Ökologesch Demokratesch Partei froen sech allerdéngs wéi d‘Escher Gemeng kontrolléiere wëll wien privat sech net un dat Reglement hält. Grondsätzlech misst dann och en Verbuet vum Verkaf gemaach ginn, soss ergëtt dat ganzt kee Sënn.


FÖDP schléit fir, dass d'Escher Gemeng nächst Joer fir Silvester en professionellt Freedefeier fir seng Bierger beim Chrëschtmaart organiséiert. Traditioun kann domadder erhale bleiwen, a jidderee freet sech dann op en festleche Sprong an dat néit Joer an esou ka jiddereen dovu profitéieren ouni selwer a Gefor ze geroden.


Mir freeën eis op eng Äntwert a soen Iech Merci Här Buergermeeschter fir är Kooperatioun a verbleiwe mat frëndleche Gréiss.



Dateianhang
Offener Brief: 19122017_foedp_ol_sylvester.pdf
Rückantwort: ... zur Zeit noch keine Antwort vorhanden !



Copyright



Textrechter

Fräi Ökologesch Demokratesch Partei


Bildrechter

Pixabay: http://www.pixabay.com


Lizenzbestëmmung
CC-BY-NC-ND

    Kommentare