Keng Beem méi an der "Nei Avenue"

Bild: FÖDP

Laut Ausso, wieren de Chantier vum Tram an d’Sanéierungsaarbechten am Kanalisatioun- a Stroumreseau d’Ursaachen. Fir eng Strooss déi och nach 2014 als zweet prestigiéist Avenue vun der Welt klasséiert gouf, ass dat eng schockéierend Nouvelle. Mir kennen eis drun erënneren dass Regierung deemools houfreg war.


Dass an enger Strooss Sanéierungen duerchgefouert musse ginn, ass nach ze verstoen, mee dass do duerch Beem mussen ëmgehae ginn, domadder si mir net méi averstanen. Dat wier en Skandal! Et muss alles dru gesat ginn déi Beem ze schounen.


Mir wëlle wëssen op déi Informatiounen aus éischter Hand kommen an op déi Opreegung déi duerch de Presseartikel entstanen ass gerechtfäerdegt ass! Als Alternativ Gréng si mir géint ofholze vu Beem!


  1. Mussen déi Beem wierklech ëmgehae ginn ?
  2. Sinn déi Beem krank? Falls jo wëlle mir offiziell a schrëftlech Beweiser.
  3. Kann een als Alternativ déi Beem net an engem Naturpark oder Bësch néi ëmplanzen ?
  4. Si fir no der Sanéierung néi Beem geplangt ? (Woubäi ech soe muss dass dat keng anstänneg Alternativ ass)



Mir freeën eis op eng Äntwert a soen Iech Merci Här François Bausch fir är Kooperatioun a verbleiwe mat frëndleche Gréiss




Dateianhang
Offene Bréif: 14022018_foedp_ol_neiavenue.pdf




Copyright und Urheberrecht



Textrechte

Fräi Ökologesch Demokratesch Partei


Bildrechte

FÖDP: http://www.foedp.lu


Lizenzbestimmungen
CC-BY-NC-ND

    Kommentare