Sécherheet virum neien Postgebai

Bild: FÖDP

Säit dat néit Postgebai an der rue de Reims a Betrib geholl ginn ass, huet sech den Trafic an deenen zwou Stroossen ( rue du Commerce a rue d’Epernay ) déi sech mat der rue de Reims kräize verschlechtert.
 
Bis Dato si keng Foussgängersträifen erkennbar. Et soll en bedenken dass net weit ewech vum neie Postgebai och nach eng Kannerschoul ass. Och wann et hei eng Zone 30 ass. Gefor leeft drop hin dass iergendwann e Jugendlechen oder eng erwuesse Persoun vun engem Auto ugestouss gëtt a villäicht och nach schwéier blesséiert gëtt.
 
D‘FÖDP ass der Meenung dass et net muss esou weit kommen. Sécherheet gëtt fir! Dofir wäre mir frou wann dir Madamm Lydie Polfer dat kéint nokontrolléieren a falls méiglech dofir suergt dass wéinstens ugepasste a siichtbar Schëlter a Foussgängersträifen op deene Kräizunge gemaach ginn.



Mir freeën eis op eng Äntwert a soen Iech Merci Madamm Lydie Polfer fir är Kooperatioun a verbleiwe mat frëndleche Gréiss



Copyright und Urheberrecht



Textrechte

Fräi Ökologesch Demokratesch Partei


Bildrechte

FÖDP: http://www.foedp.lu


Lizenzbestimmungen
CC-BY-NC-ND

    Kommentare 1

    • Dat ass effektiv Wouer, do misst schnell gehandelt ginn. Ech selwer sinn och bal vun engem Auto virun der Post ugestouss ginn. Dass Stater Gemeng do net schonns selwer drop komm ass deet mech wonner. Haaptsächlech Autoen déi vun der "Rue du Commerce " an "Rue de Reims" eropfuere passen iwwerhaapt net op !