Partei Stellungnam

Bild: Pixabay

Ech muss och deene Persoune Merci soe fir all déi flott Kritiken déi mir kritt hunn. Allerdéngs muss ech dozou soen, dass verschidde Persounen net ëmmer richteg Informéiert sinn oder verschidden Themen villäicht falsch verstanen hunn.


Et ass ni vun eiser Partei gesot ginn dass déi Gréng alles falsch maachen! Dat Wuert Konkurrenz ass och deelweis falsch verstanen ginn. Mir maachen keng direkt Konkurrenz zu iergend enger Partei, mir stellen eis héchstens an Oppositioun ( Als Info: Wann en déi éischte kéier bei der Press virun engem Mikro steet, falen engem net ëmmer déi richteg Wierder an !)


Déi Gréng si menger Meenung no just vun hirem Ursprongsmodell fort komm. Mir wëllen de gréngen Ursprongsgedanken erëm opliewe loosse souwéi Basisdemokratie mat der Ekologie / Ökologie verbannen.


Wéi mir wësse ginn et genuch Ekologesch Alternativen. Natierlech si mir och fir eis Lëtzebuerger Sprooch. An dem Kontext MUSS och eppes gemaach ginn. Wat Immobilien ubelaangt si mir schonns dobäi eis an ze setzen. Ech denke fir déi kuerz Zäit wou mir elo do sinn hunn mir schonns relative gutt geschafft. Roum ass och net an engem Dag gebaut ginn. Dofir sollt dir eis jo eng Chance gi fir eis an deenen nächste Joren kënnen ze Beweisen. An dat geet just mat der Hëllef vun de Bierger. Denkt drun Natur ass net déi iewescht Instanz déi eis seet wéi mir liewe sollten. Mir brauchen eng kreativ Koevolutioun tëschent Mënsch an Natur.


Zu dem Thema Allianz mat der Partei P.I.D.

Mir waren déi éischt 2017 déi eng Allianz mam Här Colombera ugefrot haten. Duerch divers Mëssverständnesser tëschent der FÖDP an der PID, ass et net zu enger Allianz komm.


Ech soen iech all en grousse Merci an op eng laang Mataarbecht.



Copyright und Urheberrecht



Textrechte

Fräi Ökologesch Demokratesch Partei


Bildrechte

Pixabay: https://pixabay.com


Lizenzbestimmungen
CC-BY-NC-ND

    Kommentare